Live! Planet People am ReplayTheresa Baumgärnter, Rob Koeller a Stephan Quintus

Patrick Greis
E Freideg den Owend am Live: Dat neit Buch "Wintergrün und Sternanis", d'Chrëschtdagssangen zu Iechternach an en Auswanderer mat Schlittenhënn zu Lappland.
Live! Planet People vum 10. Dezember 2021
E Freideg den Owend am Live: Dat neit Buch “Wintergrün und Sternanis”, d’Chrëschtdagssangen zu Iechternach an en Auswanderer mat Schlittenhënn zu Lappland.

D’Theresa Baumgärtner versetzt eis mat deem neie Buch “Wintergrün und Sternanis” an eng romantesch Zäit. D’TV-Kächin, déi och an Däitschland e grousse Fanclub huet, kacht an dekoréiert d’Hazelnut House op der Giischterklaus all Joer mat allem wat si an der Natur fënnt, vun Äscht, iwwer Moos an Uebst, verschafft mat Pabeier, Schéier an Zwier. Wann een duerch dat neit Buch bliedert, da gëtt een automatesch verzaubert a kritt grouss Loscht alles nozekachen, nozebaken an d’ganzt Haus ze rëschten.

De Rob Koeller hofft dëse Sonndeg op méiglechst vill Sängerinnen a Sänger zu Iechternach fir d’Chrëschtdagssangen. D’UGDA, de Piusverband an den INECC invitéieren e Sonndeg um 16h00 op e grousse Concert am Haff vun der Abtei zu Iechternach. Op der Plaz si scho 400 Museker a Sänger vun den zwou Federatiounen, awer jiddereen, dee wëll, ka gäre matsangen. Um Programm Chrëschtlidder aus aller Welt a vu Lëtzebuerg, an d’Texter an d’Musek kann een eroflueden op ugda.lu; piusverband.lu oder inecc.lu. Dirigent ass den Nicolas Billaux.

De Stephan Quintus ass sécher, dass hie mat senge Schlittenhënn e wäisse Chrëschtdag feiert. Den 1. Juli ass hien zesummen mat senger Fra a senge 4 Bouwen an dat schwedescht Lappland geplënnert, an en Duerf wou se elo zu 17 wunnen. D’Famill huet scho Frënn fonnt a reegelméisseg kommen och scho Lëtzebuerger op Besuch. De Stephan organiséiert Husky Toure fir Touristen, mat sengen 10 Muppen, wou d’nächst Woch nach 2 Stéck derbäi kommen. De Wanter kréie se och soss gutt erëm mat Kino, Äishockey um Floss oder Tier um Schlitt duerch de Schnéi.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO