Den Thierry Mersch kenne mer als engagéierte Museker. Seng nei Passioun ass de Sport, an do huet hie bei enger Challenge 1 Dag mam Extremsportler Joey Kelly gewonnen. Déi zwee hu sech am Autoball gemooss, den Joey huet him säin Bulli gewisen, mat deem hie vu Berlin op Peking gereest ass. Déi béid sinn duerch de Bësch gelaf, mam Mountainbike gefuer an den Joey, dee geschwë selwer op Lëtzebuerg kënnt, huet him eng Visitt vu sengem eegene Musée gemaach, wou ganz vill Requisiten aus fréiere Raab-Sendunge stockéiert sinn.
Den Eloy De Jong ass an den 90er mat der Boyband Caught in the act bekannt ginn. Elo séngt hie Schlager an huet seng Biographie erausbruecht. “Egal was andere sagen” weist, wéi den Hollänner mat engem ganz autoritäre Papp opgewuess ass. Hien erzielt awer och, wéi hien um Ufank vu senger Karriär mat senger Homosexualitéit ëmgaangen ass, a wéi grouss dat Lach war, an dat hien nom Enn vun der Boyband gefall ass. Haut ass hien ee vun de beléiftste Sänger an Däitschland a lieft mat sengem Mann a senger Duechter zesummen.
De Sami Bouraoui ass hallef Lëtzebuerger an hallef Tunesier. Säi groussen Hobby ass d’Musek. Den Autodidakt spillt Piano a séngt, an en eegnen Album ass an der Maach. Säin gréisste Wonsch wier et mat der Musek méi duerchzestarten. Fir op Nummer sécher ze goen, huet hie Germanistik studéiert a wëll Däitschproff am Secondaire ginn. Zanter 8 Joer spillt hie Piano an dorunner ass säin Brudder net ganz onschëlleg, well u sech wollt hien amplaz vun engem Keyboard e Skateboard kafen.