Neien Trend?Tokio installéiert duerchsiichteg Toiletten

RTL Lëtzebuerg
An der japanescher Stad Tokio suergen déi nei sanitär Anlagen an de Parke fir vill Gespréichsstoff.
© AFP FORUM

Nee, mat Voyeurismus hunn déi duerchsiichteg Këschten näischt ze dinn. Déi nei 17 Toilettë vum Projet “The Tokyo Toilet” sollen nämlech fir Sécherheet suergen. Op d’mannst ass dat d’Begrënnung vum Hiersteller. Well een duerch déi gliese Fënsteren an d’Kabinn eragesäit, kann een net vun enger Persoun iwwerrascht ginn, déi dobannen op ee lauert, fir een z’iwwerfalen. Eng Suerg, déi, wéi et schéngt, immens verbreet am Bezierk Shibuya ass.

Dem Architekt Shigeru Ban no géingen et 2 Saache ginn, déi de Leit géingen Angscht maachen, wa si ëffentlech Toilettë benotzen: D’Propretéit op där enger Säit an d’Angscht, dass schonn eng Persoun dobannen ass an op ee waart, op der anerer Säit. A genau dogéint wéilt een elo mat deene Glas-Container virgoen.

Wie sech am Park erliichtere wëll, muss sech awer keng Suerg ëm seng Privatsphär maachen. Soubal d’Dier zougeet, huelen déi gliese Wänn eng aner Faarf un an et kann een ongestéiert um Porzeläin sëtzen.

Nieft der Sécherheet dierft et och ville Spadséiergänger gefalen, dass dofir gesuergt gëtt, dass dës sanitär Installatioune propper bleiwen an an der Nuecht wéi faarweg Lantere liichten.

© AFP FORUM

Back to Top
CIM LOGO