
Den Tom Brady an d’Gisele Bündchen hunn no 13 Joer Mariage a getrennte Schreiwessen op Instagram matgedeelt, datt si sech scheede gelooss hunn. Wéi d’Promi-Portal “TMZ” matdeelt, soll d’Supermodel Bündchen e Freideg de Moien och schonn hir Scheedungspabeieren am Bundesstaat Florida ofginn hunn.
D’Model an de Footballspiller sollen d’Decisioun awer “kollegial” getraff hunn. Déi 42 Joer al Gisele Bündchen huet geschriwwen, datt d’Decisioun sech scheeden ze loossen, “ni liicht” wier, ma si hätte sech “auserneen entwéckelt, an och wann et schwéier ass, duerch esou eppes ze goen”, wier d’Model frou fir déi Zäit, déi d’Koppel hat an “wënscht dem Tom ëmmer dat Bescht”. Och de Quarterback vun den Tampa Bay Buccaneers huet geschriwwen, hie géing “an Dankbarkeet fir d’Zäit”, déi si “zesumme verbruecht hunn”, op hir Bezéiung zréckkucken. “Mir si mat wonnerbare Kanner geseent, déi weiderhin all Dag am Mëttelpunkt vun eiser Welt si wäerten”.
D’"Dramkoppel” hat sech duerch e gemeinsame Frënd kennegeléiert an hu sech Ufank 2009 zu Santa Monica bestuet. Nach dat selwecht Joer koum hire Bouf Benjamin op d’Welt, 3 Joer méi spéit ass hiert Gléck mat hirer Duechter completéiert ginn. Ausserdeem huet den Tom Brady nach e Bouf aus enger fréierer Bezéiung. Bis ewell war nëmmen iwwer d’Trennung vun der Koppel spekuléiert ginn, well déi zwee schonn an der Vergaangenheet iwwer Bezéiungsproblemer geschwat hunn.
D’Gisele Bündchen grad ewéi den Tom Brady hunn alle béid hire Wonsch geäussert, méi Zäit mateneen a mat hire Kanner ze verbréngen. Doropshin huet den NFL-Star am Februar säi Récktrëtt bekannt ginn, hat sech allerdéngs 40 Deeg méi spéit ëmdecidéiert. Seng Fra huet doriwwer awer net ganz glécklech geschéngt. Am September sot d’Gisele dem Magazin “Elle”, si hätt “Suergen”, well American Football en “immens brutale Sport” wier. “Ech hu meng Kanner an hätt et gär, datt hien (Tom Brady) méi do ass.”