RTL war schmaachenTraditionell Quetschekiermes zu Menster

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Traditioun, fir déi et Zäit a Gedold brauch. D'Kache vum Quetschekraut.
Traditionell Quetschekiermes zu Menster
Et ass eng Traditioun, fir déi et Zäit a Gedold brauch. D’Kache vum Quetschekraut.

Eng Stonn nëmme fir d’Fëlle vun de Kesselen, eng weider Stonn, fir dass et kacht an dann nach 3 Stonnen, bis dass een eréischt drun denke kann, et eemol ze schmaachen.

Ma zu Menster an der Gemeng ass d’Kache vun net nëmmen e puer Dëppercher, mee direkt e puer Zenner eng al Traditioun, fir déi sech Jonk an Al all Joer iwwert e puer Weekender zesummendoen, ier et dann op der traditioneller Quetschekiermes zesumme geschmaacht a gefeiert gëtt.

D’Lea Schwartz war am Virfeld bis bei si laanscht kucken.

Back to Top
CIM LOGO