
Den Donald Trump soll d’Toilette am Wäissen Haus mat Dokumenter verstoppt hunn. Dat gëtt an engem neie Buch vun enger “New York Times"-Journalistin erzielt. Dat Buch kënnt awer eréischt am Hierscht eraus.
D’Personal hätt reegelméisseg Pabeier an der Toilette entdeckt. Et wär een dovunner ausgaangen, datt de President dat gemaach hätt. Hie war bekannt derfir, Dokumenter ze zerrappen, obwuel se hätte misse gehale ginn. D’Mataarbechter hätte se dacks missen zesumme pechen.
Datt hie Pabeier an d’Toilette gehäit hätt, wär net wouer, huet sech den Trump beklot. Déi Reporterin wéilt just Reklamm maache fir hiert Buch, wou dat meescht erfonnt wär.
Dës Woch ass och bekannt ginn, datt den Trump am grousse Stil Dokumenter aus dem Wäissen Haus matgeholl huet a säin Haus a Florida. Dorënner och Bréiwer vum nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un. 15 Këschten huet den Nationalarchiv misse siche goen.