Neiséilännesch ChrëschtdagstraditiounTwitter-Wichtele mat frieme Leit

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Joer gouf "Secret Santa" an d'Liewe geruff, mëttlerweil gehéiert d'Aktioun genausou zu de Chrëschtdeeg wéi de Chrëschtbeemchen oder de Glüwäin.

All Joer stelle sech Millioune Leit déi selwecht Fro kuerz viru Chrëschtdag: Wat soll ech menge Léifste schenken? Schonn nees e Buch, e Bong oder awer eppes selwer Gebasteltes? Obwuel een dës Persoune scho laang kennt, ass et net evident, dat richtegt Geschenkt ze fannen.

Wéi wann dat net scho schwéier genuch wier, leeën d’Neiséilänner eng Schëpp drop a wichtele mat frieme Leit, déi si nach ni virdrun an hirem Liewe gesinn hunn. An dobäi gi si sech richteg Méi, deem op der anerer Säit vum Bildschierm e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.

Zanter elo 10 Joer gëtt et d’Onlinespill “Secret Santa”. Den Oflaf änelt deem vum Wichtelen op Betribsfeieren: All Mataarbechter kritt eng Persoun zougewisen, där een eppes schenke soll. Genausou leeft et och op Twitter. Just, dass déi eenzeg Informatiounen, déi een iwwert säi Wichtel huet, d’Tweets sinn, déi op vun där Persoun op Twitter gedeelt goufen.

Wien awer näischt dem Zoufall wëll iwwerloossen, dee kann e Wonschziedel mam Hasgtag #NZSecretSanta posten.

Eemoleg ass och de Liwwerservice vun der neiséilännescher Chrëschtdagstraditoun. D’Kaddoe ginn net vu Firme wéi UPS bis virun d’Dier bruecht, mä vu Fräiwëllegen. An engem Punkt si sech d’Volontairen eens: Et mécht méi Freed, Kaddoen ze verschenken, wéi selwer beschenkt ze ginn. Well d’Freed, déi een an de Gesiichter vun den Twitter-Wichtele gesäit, ass onbezuelbar.

Back to Top
CIM LOGO