Produzent iwwerraschtUEFA geet awer net juristesch géint "Champignons League"-Pizza vir

RTL Lëtzebuerg
Datt eng Pizza der Champions League net geféierlech ka ginn, gesäit d'Europäesch Futtball-Unioun an a verzicht awer op e Rechtssträit mat der Pizzeria.
© AFP Archivbild

Eng Pizza Funghi kléngt jo net wierklech immens spektakulär, ma mat hirer “Champignons League"-Pizza hat e Pizza-Produzent am hessesche Gießen kuerz fir Opreegung bannent der UEFA gesuergt.

Déi europäesch Futtballfederatioun hat nämlech gedreet, de Pizza-Produzent wéinst Markerechter ze verkloen. Dat well deen Numm vill ze vill deem vun hirer Kinneksklass gläiche géif.

Ma elo huet den “Dachverband” matgedeelt, datt “d’UEFA Champions LEague gutt mat der delikat kléngender Pizza liewe kéint”. Et géing een de Schutz vun “geeschtegem Eegentum natierlech eescht huelen, ma an dësem Fall schéngt, wéi wann een iwweräifrege lokale Maartvertrieder vireileg gehandelt hätt”. Donieft hätt och e puer Leit “aus der Geschicht en Drama” gemaach.

U sech hat de Patron vu “Pizza Wolke” gemengt, déi ideal Reklamm fir seng Pizzae fonnt ze hunn. Fir seng kleng Pizzeria virun der Faillitte ze retten, ass hien nämlech op déifgefruere Produite gewiesselt an dat mat Succès. Antëscht beliwwert de Shademan Souri a ganz Hessen Supermarchéë mat senge Pizzaen. An dat net just mat der “Champignons League"-Pizza, am Sortiment fënnt een nach “Ham & Bäm” a “SalAMI”.

Ma den Numm “Champignons Legaue” hat der UEFA glat a guer net geschmaach. Dowéinst krut de Pizza-Produzent am Dezember och Post vun hiren Affekoten. Dora goung rieds vun enger Déclaration d’abstention, wëll heeschen, de Shademan Souri hätt sech sollen en aneren Numm fir seng Pizza mat Champignonen afale loossen, well den Numm hätt kéinte verwiesselt ginn.

De Pizza-Prodzent war domat net averstanen an hat d’Deklaratioun deementspriechend net ënnerschriwwen, woumat hie riskéiert hat verklot ze ginn. A souguer domat hat hie sech e klenge Spaass gemaach. Op sengem Instagram-Profil hat hien de Bréif vun der UEFA verëffentlecht an hat dee souguer als Éier bezeechent. Säin Team an hie wieren absolut um richtege Wee. Esou vill extra Reklamm hätte si sech sécher net erwaart.

Back to Top
CIM LOGO