"Time"US-Magazin wielt Elon Musk zur Perséinlechkeet vum Joer

RTL Lëtzebuerg
D'Time-Magazin huet de 50 Joer ale Grënner vum Elektroauto Tesla an der Raumfaartfirma SpaceX als Perséinlechkeet vum Joer 2021 geéiert.
© AFP Archivbild

“Wéineg Mënschen hu méi Afloss op d’Liewen op der Äerd a potentiell baussent der Äerd wéi den Elon Musk”, huet den Time-Chefredakter Edward Felsenthal e Méindeg erkläert. De SpaceX-Chef géif Léisungen fir eng existenziell Kris schafen, d’Méiglechkeeten a Gefore vum Zäitalter vun Technologie-Titanen verkierperen an déi gewootenst an erfollegräichst Ëmwandlunge vun der Gesellschaft virundreiwen”.

Den a Südafrika gebuerene Musk huet den Amazon-Grënner Jeff Bezos als räichste Mënsch op der Welt ofgeléist. “Forbes” schätzt säi Verméigen den Ament op 265 Milliarden Dollar - ëmgerechent ronn 234 Milliarden Euro.

“Time” wielt zanter 1927 d’Perséinlechkeet vum Joer. Den Titel geet u Mënschen, déi d’Noriichten am Laf vum Joer am stäerkste beaflossen. d’Lescht Joer ass den Titel un den haitegen US-President Joe Biden a seng Stellvertriederin Kamala Harris gaangen.

Back to Top
CIM LOGO