
Wéi et vun US-Medien heescht, déi sech op d’Justiz beruffen, soll de Sänger schonn e Méindegowend op der New Yorker Insel Long Island festgeholl gi sinn. Nach dësen Dënschdeg muss hie sech deemno viru Geriicht veräntwerten.
Den Justin Timberlake ass den Ament op Tour. E Freideg soll hie säin nächste Concert spillen. Selwer huet hie sech zum Virfall bis ewell nach net geäussert.