14. FebruarVältesdag an engem Blummebuttek

Christophe Hochard
D'Virbereedungen op Vältesdag hu scho virum Weekend ugefaangen. E Freideg goufen déi nei Blumme geliwwert.
Vältesdag an engem Blummebuttek
D’Virbereedungen op Vältesdag hu scho virum Weekend ugefaangen. E Freideg goufen déi nei Blumme geliwwert.

Ronn eng 100 Bouqueten huet d’Ekipp duerno scho fir e Méindeg preparéiert. Fir den Dag vun de Verléifte wär déi rout Rous nach ëmmer déi typesch, klassesch Blumm als Kaddo op Vältesdag. Dofir goufen eleng fir den haitegen Dag 1.800 rout Rouse beim Fournisseur bestallt. Hei am Geschäft kritt ee souguer Rousen aus dem Ecuador.

E faarwege Fréijoersbouquet kéim awer och gutt bei de Leit un. No engem éischter triste Wanter freeë sech d’Mënschen op faarweg Blummen. Trotz allem wär Vältesdag awer éischter e schwieregt Geschäft. Dee wichtegsten Dag ass Mammendag.

D’Blumm eleng op Vältesdag mécht net alles aus. Dekoratioun gehéiert och derzou an hei kënnt d’Häerz an d’Spill.

Am Blummebuttek spiere se den Ament och déi héich Energiepräisser. An Holland hunn dowéinst 6 grouss Blummenziichter hir Produktioun bis Enn Mäerz op Äis geluecht. Forcement klëmmt och den Akafspräis fir d’Blummen.

RTL-News: Alles fir déi Verléiften - Luxus-Picknick am Bubble-Zelt an eng “Love-Promenade” an der Stad

Back to Top
CIM LOGO