Neien Trend an IsraelVeggie-Burger op d'Mooss preparéiert vu Roboter

RTL Lëtzebuerg
E Fastfood-Restaurant an Israel huet zanter e puer Deeg e ganz spezielle Burger op senger Kaart, deen net just bei méi exigente Clientë gutt ukënnt.
© AFP

E Roboter preparéiert do Veggie-Burgeren op Mooss, dat heescht genee sou wéi de Client et sech wënscht.

“Et ass déi éischte Kéier, dass eng Maschinn automatesch e personaliséierten Hamburger produzéiert”, sou d’Racheli Vizman, Cheffin vum Restaurant “SavorEat”, eng Start-up an Israel, déi sech op d’Produktioun vu Fleesch-Alternative spezialiséiert huet, déi awer genee wéi Fleesch schmaachen.

All Client ka sech deemno seng Quantitéit u Proteinnen oder Fett a sengem alternative Burger froen, genee wéi d’Gréisst oder wéi duerch e soll sinn. An dat alles mat Hëllef vun enger App. A fir dass de Veggie-Burger genee wéi den Original schmaacht, vermëscht den Apparat, nieft e puer geheimen Ingredienten, Bounen, Gromperen a Pois-chiche mateneen.

Wie sech awer elo e richteg Roboter virstellt, dee gëtt enttäuscht. Et handelt sech hei ëm e grousse Schäffchen, dee gläichzäiteg 3 ënnerschiddlech Hamburgere preparéiere kann.

D’Firma existéiert iwwregens schonn zanter 2018 a gouf vum Racheli Vizman, zesumme mat 2 Unisprofesseren aus Jerusalem gegrënnt.

Back to Top
CIM LOGO