
Eng 12.000 Museker, souwuel Erwuessener wéi Kanner vun 12 Joer un, hunn zesummen de Slawesche Marsch vum Peter Tschaikowski gespillt.
“Ech confirméieren, dass dës Initiativ e Succès war, Gléckwonsch”, huet den zoustännege Beoptraagte bei enger Zeremonie vum staatleche Musek-Fërderprogramm vu Venezuela “EL Sistema” e Samschdeg matgedeelt. “Dir sidd offiziell surrealistesch”, huet et weider geheescht.
D’Opféierung war virun enger Woch virun enger Jury vum Guinness-Buch. 260 Mataarbechter vun der Berodungsfirma KPMG hunn iwwerwaacht, dass wärend den 12 Minutten all d’Krittären agehale ginn. All Museker huet nämlech op d’Mannst 5 Minutte laang misse matspillen.
Um Enn gouf festgehalen, dass 8.573 Museker bedeelegt waren. Den ale Rekord hat Russland 2019 opgestallt, do haten 8.097 Museker zesumme gespillt.