
D’Verbuet gëllt vun en Donneschdeg u bei all Reservatioun, déi op der Plattform gemaach gëtt. Wéi laang d’Moossnam gëllt, ass nach net gewosst.
Wärend der Corona-Pandemie hätte vill Leit decidéiert, amplaz am Café oder an der Disco, an enger Wunneng, déi se um Site vun Airbnb gelount hunn, ze feieren. D’Firma géing dat onverantwortlech fannen a wéilt net esou Saachen ënnerstëtzen, sou de Communiqué. Leit, déi sech sou behuelen, wieren net op hirer Plattform erwënscht.
Virun dëser neier Mesure konnten d’Leit, déi hir Wunneng verlount hunn, eraussichen, ob si domat averstane wieren, dass an der Wunneng géing gefeiert ginn, respektiv d’Leit, déi eng Wunneng gesicht hunn, konnte sech raussichen, ob si esou eng Wunneng wéilten oder net. 73 Prozent vun de Wunnengen um Site haten ewell ee Party-Verbuet.
2019 hat Airbnb no enger Halloween-Party, wou Leit blesséiert goufen, decidéiert, dass d’Wunnenge sech net méi reng als “Party-Location” verkafen dierften. D’Haiser konnte just nach uginn, dass Partyen do erlaabt wieren. Ee speziellt Team gouf vun der Firma esouguer zesummegesat, déi dat Ganzt solle kontrolléieren.
Ee globaalt Verbuet vu Partyen an den Airbnb-Wunnenge wier hirer Meenung no dat sënnvollst fir d’Santé publique.
LINK: Klickt hei, fir de Communiqué ze liesen
