Dausende Bréiwer zu EngelskirchenVill Wënsch un d'Chrëschtkëndchen: Maach de Virus fort

RTL Lëtzebuerg
D'Chrëschtkëndchen a seng Assistenten zu Engelskirchen am Nordrhein-Westfalen hunn dëst Joer esou vill Bréiwer beäntwert wéi nach ni.

Iwwer 150.000 Wonschziedelen aus 49 Länner sinn am sougenannte Chrëschtdag-Postbüro erakomm. e Rekord seet d’Deutsche Post. D’lescht Joer waren et knapp 130.000.

An Däitschland ginn et e puer där sougenannte Chrëschtdags-Postbüroen, déi duerch hiren Numm eng Undeitung op d’Feierdeeg hunn. Zum Beispill Himmelstadt oder Himmelspforten. Zu Köln gëtt et d’"Schreibstube” zanter 1985, well bei der Post op eemol Bréiwer opgedaucht sinn, déi un “d’Chrëschtkëndche bei den Engelen” adresséiert waren. Zanterhier beäntwert d’Chrëschtkand - eng Duerstellerin an engem wäisse Rack - zesumme mat hiren Assistenten déi vill Bréiwer.

Am grousse Ganze géifen d’Wënsch dëst Joer méi bescheiden ausfalen. Normalerweis géifen d’Kanner sech Spillsaachen an alle Formen a Variante wënschen, dëst Joer falen awer aner Bréiwer méi op. Ee Kand hätt sech zum Beispill gewënscht, wann e grouss ass, Millionär a glécklech ze ginn. Och Hausdéieren, wéi e Papagei, dee schwätze kann, wier ënnert de Wënsch.

An natierlech spillt de Coronavirus eng wichteg Roll. Ganz dacks géife Kanner sech wënschen, dass d’Chrëschtkëndchen de Virus fort maache soll oder nach, dass et ganz séier en Impfstoff gëtt.

Back to Top
CIM LOGO