Live! Planet PeopleVirginie Ranaivoson, Armand Thies

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People waren e Freidegowend ënnert anerem eng Lëtzebuerger Sängerin bei "The Voice" an de Gewënner vun der Castingshow "The One".
Live! Planet People vum 4. Mäerz 2022
D’Invitéë waren e Freideg den Owend: D’Virginie Ranaivoson an den Armand Thies.

D’Virginie Ranaivoson huet bei “The Voice” Belgique de “Blind Test” gepackt, awer leider war beim Battle fir déi jonk Fra vun Nidderfeelen Schluss. D’Magali, eng Frëndin, hat hier gutt zougeriet, an och de Fait, dass Coache wéi Black M. a Christophe Willem derbäi wieren, hunn si leschten Enns motivéiert, eng Demande ze maachen a sech de strengen Ouere vum Jury ze stellen. Musek huet vu Klengem un eng Roll gespillt. Doheem ass si mat Lidder vum Jacques Brel, Georges Brassens a Guy Béart grouss ginn a spéider ass et éischter a Richtung “Texas” oder “Taylor Swift” gaangen. Si séngt awer net just Coversongs, mä huet mat 16 Joer ugefaangen, hir eege Lidder ze schreiwen. Dëst ass en Ausgläich zur Aarbecht, wou se um Kierchbierg am Finanzsecteur schafft. Leider war d’Aventure no de Battlen eriwwer.

Den Armand Thies hat schonn e Kënschtlernumm, ier d’Karriär richteg ugoung. Als “Willy Stone” war hien ee vu méi wéi 250 Kandidaten, déi 2012 bei der Lëtzebuerger Versioun vum grousse Musekscasting matgemaach hunn. Hei waren d’Nolauschterer vum Radio opgerufff, fir deen ofzestëmmen, deen hinnen am beschte gefält ouni hien ze gesinn oder de richtegen Numm ze kennen. 40.000 Stëmmen hunn eng kloer Sprooch geschwat beim Optrëtt an der Rockhal, dee live op RTL iwwerdroe gouf. 10 Joer duerno ass de Gewënner vun “The One” der Musek nach ëmmer trei. Hien séngt bei bei “Vocals on Tour”, der Militärmusek a feiert den 19. Mäerz de ronnen Anniversaire vun der Big Band Spectrum. An der Maach ass déi nei Coverband “Impuls” fir d’Leit nees un d’danzen ze kréien.

Hei geet et op den offizielle Site vum Armand Theis!

https://www.armand.lu/

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO