Hätt Dir se erkannt?Vu Goetz bis Zenners: RTL-"Starterpack"-Figuren

Pierre Weimerskirch
D'Mariette Zenners oder de Franky Hippert als Action-Figur. D'Social-Media-Ekipp huet dës mat KI entstoe gelooss.

Mat ChatGPT kann een net nëmmen Texter schreiwen oder Froe beäntwere loossen, mee och kreativ Biller generéieren.

Aktuell sinn déi sougenannt “Starterpack"-Figuren zu engem reegelrechten Trend op Instagram ginn.

Déi stiliséiert Personnagë gi mat Hëllef vun AI generéiert an op eng iwwerdriwwen Aart duergestallt.

E Beispill

Eng Figur mat risege Kopfhörer, Kaffisbecher a Laptop kéint e Radiosanimateur vun RTL duerstellen. Mat de Stereotyppe gëtt gespillt.

Wéi entstinn d’Biller?

Dës Figuren entstinn duerch Kombinatioun vun Texter a Fotoen. Zum Beispill kann een der AI soen: “Gëff mir eng Figur, déi ausgesäit wéi e lëschtege Science-Fiction-Nerd mat Brëll an T-Shirt.”
D’Kënschtlech Intelligenz zaubert eng eenzegaarteg visuell Versioun.

Ob dësen Trend jidderengem gefält, ass eng aner Fro.

Back to Top
CIM LOGO