
De Märerchersmonni aus den USA gouf den 5. Dezember virun 120 Joer gebuer, a senger Karriär gouf hien 63 Mol fir en Oscar nominéiert a mat 22 Auszeechnunge plus 4 Éierenauszeechnungen ass hien nach ëmmer de King. Viru genee 55 Joer, also de 15. Dezember 1966, ass de Walter Elias Disney gestuerwen.
Fir d’Schneewittchen an déi siwen Zwergen, den éischte laange Animatiounsfilm, gouf et ee groussen Oscar a 7 klenger, also 7 Zwergen-Oscaren. De Prënz vum Dornréischen gouf nom Prënz Philip, der Queen hirem verstuerwene Mann, benannt.
Déi véier Geier aus dem Dschungelbuch sollte vun de véier Beatles geschwat ginn, doraus gouf awer termintechnesch näischt. Déi éischt Synchronspriecher vun der Mickey an der Minnie Mouse an den 1930er goufe vun enger Koppel, déi am reelle Liewe matenee bestuet waren, geschwat.

A wa mer scho vum Mickey schwätzen, sollt et Iech nach net opgefall sinn, da musst Der mol oppassen. Der bekannter Maus hir Ouere riichte sech ëmmer direkt zum Spectateur, si dréie sech ni mat sengem Kierper mat.
Dass esou vill Disney-Figure just een oder guer keen Elterendeel hunn, dat sollt dru leien, dass de Walt Disney seng Mamm selwer zimmlech jonk verluer hat.
Den Trickfilm-Guru huet senger laangjäreger Haushälterin a Kächin all Joer fir Chrëschtdag a fir de Gebuertsdag reegelméisseg Aktie vu senger Firma geschenkt. Déi waren zum Zäitpunkt, wou d’Madamm gestuerwen ass, iwwer 9 Milliounen Dollar wäert.