Fest vun den DoudegenWat bedeit Halloween fir d'Lëtzebuerger?

RTL Lëtzebuerg
Verkleeden, dekoréieren a feieren. Och zu Lëtzebuerg ass Halloween present. Säin Ursprong huet de Brauch awer bei de Kelten.
© AFP

Viru ronn 2.500 Joer hunn d’Kelte mat Halloween de Joreswiessel gefeiert. Deemools huet d’Fest awer net Halloween geheescht, mä Samhain. D’Kelten hunn deemools gegleeft, dass op dësem Dag déi Doudeg zeréck op d’Äerd kommen, fir hir Famillen ze besichen.

An Irland gouf dëse Brauch nei interpretéiert. Si haten Angscht vun den Doudegen. Dofir hu si sech mat Masken a Kostümer verkleet, fir déi Doudeg ze verschrecken. Dohier kënnt dann de Brauch, sech fir d’Samhain-Fest ze verkleeden.

Iergendwa gouf dann aus Samhain dann Halloween. Dëst ass eng Ofkierzung vum engleschen “All Hallows Evening”, also den Owend virun Allerhellegen.

Sou munch ee mengt, dass Halloween säin Ursprong an den USA huet, wëll den 31. Oktober besonnesch hei vill a grouss gefeiert gëtt. D’Iren hunn de Brauch awer réischt am 19. Joerhonnert mat dohinner bruecht.

Zënter e puer Joerzéngte gëtt Halloween dann och bei eis zemools bei de Jonken ëmmer méi beléift. Dobäi spillt de kommerzielle Facteur bei eis eng méi grouss Roll, wéi de Brauch u sech. Scho Woche virun Halloween kritt ee grujeleg Verkleedungen an de Supermarchéen ze kafen. Halloween-Partyen a Baler ginn och gäre mol de Weekend oder den Dag virdrun gefeiert.

© AFP

Ma wat bedeit Hallowee fir d’Lëtzebuerger? Party, Traditiounen oder keen Interessi? Mir hu bei Iech nogefrot.

Wat halen d'Lëtzebuerger vun Halloween?
Halloween schéngt besonnesch bei de Jonke beléift.

Bei de Jonke schéngt Halloween also däitlech méi populär ze sinn. Wei ass et bei Iech? Stëmmt hei of.

Back to Top
CIM LOGO