"Een Dag am Liewe vun..."Wéi ass d'Aarbecht als Zëmmermeedchen am Hotel Royal?

Rosa Clemente
D'RTL-Journalistin, Rosa Clemente huet dësen Challenge ugeholl a säi Bic géint een Eemer mat Produiten a Fatze getosch.
"Een Dag am Liewe vun..."
Wéi ass d Aarbecht als Zëmmermeedchen am Hotel Royal?

Wéi gesäit et hannert de Kulisse vum renomméierte 5-Stären-Hotel an der Stad aus, dee viru bal 4 Joerzéngten seng Dieren opgemaach huet, an de selwechten Numm dréit, ewéi de Boulevard op deen e steet?

D’Standarde sinn héich. Bis zu 2.900 Euro kann eng Nuecht an der gréisster Suite vum Royal kaschten. Ma fir esou eng Plaz propper ze halen, braucht et nawell eng grouss Ekipp.

Am Kader vu der Serie “Een Dag am Liewe vun..” huet sech eng RTL-Journalistin 8 Stonne laang an d’Roll vun engem Zëmmermeedche versat an huet dobäi gemierkt, wéi usprochsvoll esou een Job ka sinn.

Back to Top
CIM LOGO