Sech Zäit huele fir selwer ze kachen an d’Organisatioun an der Kiche sinn d’Theme vun dëser Episod.
Mir si beim gréisste Kürbisproduzent aus dem Grand-Duché, dem Christian Hahn, op Besuch. Mir léieren ausserdeem zwee vun de beschte Käch zu Lëtzebuerg kennen: déi zwee Finaliste vum Kachconcours “Beschte Lëtzebuerger Hobbykach 2024", de Roland Herrmann a Luc Bettel.
Mir kréien Tipps vun der Dieteticienne Tammy Diderich zum Thema Tëschemoolzechten a mir si beim Eloïse Jennes an der Kichen. Si gëtt eis Tipps zum Thema “Meal Prepping”. D’Anne Faber verréit eis ausserdeem hiert Liblingsrezept fir Äppelkuch.
De kulinaresche Magazin “Gusto” kënnt e Sonndeg de Owend um 19 :00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Weider Episoden vu “Gusto - de kulinaresche Magazin” fannt Dir hei.