Dem Raphaël Valoso, Gerant vum Dessange Salon an der Rue du Curé no hätte si an der Tëschenzäit hei rëm eng gewëssen Normalitéit erëm kritt, och wa si nach net ganz op hirer Pre-Pandemieshéicht wieren. Méi schlëmm hätt et d’Salonen um Kierchbierg getraff. Den Teletravail hätt hei zu enger finanzieller Perte tëschent 12 an 20% gefouert. Allgemeng géif een awer probéieren, sou gutt wéi méiglech d’Pandemie hannert sech ze loossen an no vir ze kucken. Dat gesäit een dann och gutt am Dessange hirer neier Hierscht-Wanter-Kollektioun déi aus strukturéierte Bobs, der 90er Joren-inspiréierter „Coupe Moulet“, frësche Balayagen a luminéise Blond-Téin besteet. Obschonns dës Tendenzen net an direkter Influenz zur Pandemie géife stoen, wier d’Iddi awer schonn, d’Moral vun de Leit rëm ze hiewen. Sou sollen di nei Frisuren dann och en neien Ofschnëtt no der Pandemie duerstellen.
Och bei Eenzelsalonen huet d’Pandemie hir Spueren hannerlooss. Esou dann och zum Beispill am „Studio Chocolat“, deen déi gebierteg Russin Julia Golovko 2017 gegrënnt huet. D‘Iddi war et, der russescher Communautéit hei am Land e Salon ze bidden, wou si sech géife fille wéi doheem. Dowéinst gëtt et an hirem Salon och nëmmen zwee Sëtzer. Dës Strategië schéngen och gutt bei de Clienten ukomm ze sinn, bis d’Pandemie koum a si hu mussen hir Dieren zoumaachen.
Fir de Kontakt zu de Clienten ze halen, huet d’Julia awer weiderhi reegelméisseg mat hinnen telefonéiert, huet Tutorials op Facebook gepost, hinnen hir respektiv Hoerfaarf am Supermarché kaf an zoukomme gelooss, an iwwer Skype sou gutt wéi méiglech wärend dem Fierfprozess assistéiert. Dat kéint dann och ee vun de Grënn sinn, wisou si praktesch keng Clienten duerch de Lockdown verluer hunn.
Finanziell gesinn, war de Lockdown awer e grousse Schlag. Sou schätzt d’Julia, dass hiert Akommes tëschent 2019 an 2020 ëm ronn 30% gefall ass. Deemno hu si och mussen hir Pläng fir en zweete Salon fir elo mol op Äis leeën.
Fir eise Reportage fir De Magazin hu mir di zwee Coiffere fir ee Moie begleet a mat hinnen iwwer hir Erliefnesser vum leschte Joer geschwat.