Keng Fuesbaler méi, keng Kavalkaden. Dach verschidde Kavalkadë goufe verluecht op Mäerz oder Abrëll. Fänkt erëm alles u sech ze normaliséieren oder ass et de Leit egal, wat mat der Fuesent geschitt ass ?
Mam Impakt engersäits vun de Schoulen, déi dëst Joer nees Fuesent gefeiert hunn, gesäit een dëst Joer eng däitlech méi grouss Nofro bei de Fues-Artikelen. Fir verschidde Commercen, déi hei dra spezialiséiert sinn, war et elo zanter 2 Joer net einfach, schonn eleng, well d’Gesetz stänneg geännert huet.
E weidere Problem, deen et net nëmmen an der Fuesent-Industrie gëtt, ass fir un d’Wueren iwwerhaapt erunzekommen. Verschiddener hunn e puer Méint waarde missten, bis d’Artikelen do waren.
Esou hat d’Pandemie awer och en Impakt, op dat, wat dëst Joer gefrot ass punkto Kostümer. De Confinement huet d’Leit dozou krut, méi Tëlee ze kucken, respektiv Serien ze entdecken. An et ass genee dat, wat d’Leit elo froen. Kostümer aus deenen eenzele Serien.
Fuesent ass also net ganz vergiess, an deen, deen dëst Joer feiere wëllt, huet wuel méi wéi eng Chance dëst och ze maachen . Am beschten informéiert ee sech online, well Ännerungen, positiver oder negativer, sinn an esou enger komescher Zäit ni auszeschléissen.