Wéi gutt sinn d’Leit, déi elo den 8. Oktober wiele ginn informéiert iwwert eis Spëtzekandidaten? Wéi steet et bei deenen, déi net méi wielen ginn, respektiv, déi, déi a 5 Joer wiele ginn? Kenne se hir Nimm a wëssen se, a wat fir enger Partei dass se sinn? De Philippe Dondelinger huet sech dozou mol op der Strooss schlau gemaach.
Mir hunn 10 Fotoen vun eisen Spëtzekandidaten a probéieren erauszefannen, ob eis Wieler oder eis zukünfteg Wieler wëssen, wien wien ass an a wat fir enger Partei en täteg ass.