D’Nuetsliewe gouf schwéier vun der Pandemie getraff. Wou virun ee puer Méint nach Honnerte Leit gefeiert hunn, ass elo Stëllstand. D’Diskoe sinn zou, d’Comptoirë verlooss.
De Bob Krier, Associé vum Gotham: “Elo säit dem Lockdown hunn mir net méi dierfe schaffen. Et sinn elo gläich fënnef Méint. Mir dierften theoretesch bis 12h opmaachen, mee fréier sinn d’Leit um 12h emol komm.”
Verschidden Diskoen hu sech zesummegedoen a schaffen ënnert dem Hashtag #Don’tForgetUs e Konzept aus, wéi ee kéint opmaachen, andeems een déi sanitär Mesurë respektéiert.
De Marcello Rameri, Manager vum Gotham: “Wann ee schonn héiert vu Partyen, déi illegal an de Bëscher gemaach ginn. Ech menge mir sinn hei an enger Infrastruktur, wou een nach ëmmer kéint mat méi Leit schaffen, mat méi Security, dass eben iwwerall ee steet, soubal dass d’Saachen net méi agehale ginn. Dass een direkt kann zeréck geruff ginn, asw.”
An der Rives de Clausen ginn et änlech Problemer. Si hunn zwar op a kënne bei deem gudde Wieder vun hiren Terrasse profitéieren. Trotzdeem ass manner lass wéi soss. 100% vun de Käschte musse mat 30% vum Revenu gestemmt ginn.
De Ben Schieres vun der ASBL “Rives de Clausen": “Mir kënne keng Afterworke maachen, mir kënne keng Party maachen. Eisen Haaptëmsaz gouf ëmmer gemaach tëscht 23 an 2 wat Party ugeet. A virun allem hunn eis Lokaler mat 50-60 Prozent vun de Firmefeiere gelieft. Firmefeieren, Afterworken, Barbecue am Summer, Chrëschtdagsfeieren, do hunn mir extrem Annulatiounen. Also quasi alles wat annuléiert gouf.”
Den Alfonsino Nigro vun der ASBL “Rives de Clausen": “Dass mir trotzdeem do Dierwiechtere geschéckt kréien, dat kann net sinn. Ech mengen do misst jo awer eise Staat, eis Administratiounen ee bësse Versteesdemech hunn, eis bëssen Zäit loossen, fir dass mir eis kënnen erkréien.”
De Jean-Claude Colbach vun der ASBL “Rives de Clausen": “Mir brauchen Hëllef vum Gouvernement, et ass vill versprach ginn. Et wier wierklech elo un der Zäit, dass se elo déi Verspriechen och realiséiere géifen.”
Eng Kritik vun de Responsabelen ass donieft, dass de Staat keng Differenze mécht, op een 1.000 oder 10.000 Euro Loyer bezilt. Jidderee kréich déi selwecht Subsiden, mee net jidderee kéim domat aus.