Déi Ongewëssheet, ob elo nom 15. Dezember nees alles op ass, huet muncher een dozou geleet, fir dëst Joer beim Traiteur ze bestellen, mä wéi gesäit et iwwerhaapt bei dëse Betriber aus? Wëssen déi, wat op se duer kënnt, oder wéi preparéiere si sech op den Ustuerm elo fir Enn des Joers? An wéi gesäit et mat deene Spezialitéiten aus, déi soss nëmmen ëm d’Feierdeeg produzéiert ginn, esou ewéi de X-mas Béier?
Et ass Béier, deen nëmme fir d’Feierdeeg produzéiert gëtt an deen et och an de Fässer gëtt fir d’Restauratioun, ma eis national Brauerei huet dëst Joer 15 Prozent manner produzéiert, fir net drop sëtzenzebleiwen. Et sinn haaptsächlech d’Fässer, déi der Brauerei den Ament Suerge maachen, de Privatmann huet seelen eng professionell Anlag doheem, fir mat dëser ze schaffen, a wann een dann och nach mat den Invitéë limitéiert ass, geet och keen hin a lount eng Zapanlag.
Wann de 15. Dezember d’Restriktioune sollte verlängert ginn, gesäit d’Situatioun och nees aneschters aus, wann net negativ.
Änlech gesäit et den Ament och bei den Traiteuren aus. Zu Ëlwen an der Produktiounskiche beim Patrick Niessen, deen zesumme mat sengem Brudder an der 2. Generatioun vu Betrib ass, ass “d’Livraison a domicile” näischt Neies, dëst gouf et schonn déi Jore virdrun, elo gouf sech ebe méi op d’Liwwerunge konzentréiert. Obwuel d’Restauratioun niewent der Metzlerei beim Patrick nëmmen e klengen Deel ass, krut hien den Impakt vum Virus awer trotzdeem ze spieren, och fir hien eng nei Erausfuerderung, fir ëmmer nees Neies senge Clienten ze proposéieren. D’Gefor, fir op eppes setzen ze bleiwen, ass bei him éischter geréng, well alles op Commande funktionéiert, an awer bleiwe Froen op. Dat Schlëmmst, wat geschéie kéint, an dat ass zu dësem Zäitpunkt schwéier virauszesoen, ass, dass d’Leit dëst Joer selwer kachen, sollt dat sinn, gëtt et och fir hire Betrib schwéier.
Änlech Situatioun zu Bartreng an der “Cantine Windsor”, e Restaurant , dee bis virum Virus, näischt mat “Livraison à domicile” ze dinn hat, éischter mat Catering ëm d’Feierdeeg. D’Julie Thiry, wat zanter 2 Joer hei de Betrib leet, war och net op dës Pandemie Restriktioune preparéiert, an esou huet misse séier ëmgeduecht ginn. Elo konzentréiere si sech och just op “Livraison à domicile”. Et ass awer de Catering, deen hinnen all Joer am meeschte ronderëm d’Feierdeeg erabruecht huet, dee fält dëst Joer ewech, an awer mussen d’Suen awer weider erakommen. An obwuel weder d’Brauerei nach d’Traiteuren d’Zukunft virausgesi kënnen, si se all op de “Worst Case” preparéiert a probéieren, esou ewéi jiddereen den Ament, d’Kris esou gutt ewéi méiglech ze iwwerstoen.