
Dono wäert de Restaurant seng Dieren zoumaachen, fir, wéi et weider heescht, sech nei z’erfannen. Den “Noma” war vum brittesche Magasinn “Restaurant” zum weltbekanntste Restaurant ernannt ginn.
2025 wäert d’Etablissement, wat aktuell dräi Michelin-Stären huet, an e “risege Labo verwandelt ginn”, heescht et weider am Schreiwes. Et wéilt een Innovatiounen an der Ernärung kreéieren an nei Goûten entwéckelen. Et géif een awer och mam Projet Noma 3.0 weider Clienten zerwéieren, mä “e Restaurant ze sinn, wäert eis net méi definéieren”.