Daniel Craig ganz uewenWie verdéngt vun den Hollywood-Stars am meeschten?

RTL Lëtzebuerg
Kee Filmstar verdéngt zu Hollywood aktuell méi, wéi den Daniel Craig. Hie léist domat den Dwayne "The Rock" Jonhson of.
© AFP Archivbild

Wat munch een iwwerrascht, kënnt vu lukrative Kontrakter mat Netflix. Net manner wéi 100 Milliounen US-Dollar sinn dobäi fir den “James Bond"-Star rausgesprongen. Mat deem Portefeuille ass hie ganz uewen op der “Variety"-Lëscht, déi en Donneschdeg verëffentlecht gouf. An och wann den Dwayne “The Rock” Johnson net méi op der 1. Plaz steet, hien ass nach ëmmer mat aneren, wéi dem Will Smith an Denzel Washington, op där Lëscht ze fannen. Bei de Schauspillerinne fënnt een Nimm wéi Jennifer Lawrence an Julia Roberts.

Am Mäerz eréischt hat “Variety” gemellt, dass den Daniel Craig elo fir Netflix Filmer mécht. De Streaming-Service huet en zweeten an drëtte Film aus der “Knives Out"-Serie ugekënnegt. Den Deel 1 mam Craig an der Haaptroll hat schonn en immense Succès. Netflix soll fir béid Suitten am Ganze 450 Milliounen US-Dollar ausginn, dovun gi der jo da wéi gesot eleng 100 un den Haaptacteur.

Allgemeng schéngen et net méi eleng d’Kinosfilmer ze sinn, déi gutt bezuelte Schauspillerinnen a Schauspiller lackelen. Rechent een déi komplett Gage aus, déi si bei Streaming-Servicer kréien, kënnt ee gär op nach méi e Batz Suen, wéi bei de Recetten am Kino rauskënnt.

Den Dwayne Johnson zum Beispill soll “Variety” no 50 Milliounen Dollar fir den Amazon-Actionfilm “Red One” kritt hunn. Dem Will Smith säi Salaire ass ëm 40 Milliounen Dollar an d’Luucht gaangen, nodeems Warner Bros. de Film net just am Kino, mä och op HBO Max gewisen huet. Och den Denzel Washington soll esou fir den Thriller “The Little Things” genee sou vill méi kritt hunn.

Op der “Variety"-Lëscht fënnt een och aner bekannten Nimm wéi de Leonardo DiCaprio (“Don’t Look Up”) mat 30 Milliounen US-Dollar, Mark Wahlberg (“Spenser Confidential”) och mat 30 Milliounen US-Dollar, d’Jennifer Lawrence (“Don’t Look Up”) mat 25 Milliounen an d’Julia Roberts (“Leave The World Behind”) och 25 Milliounen Dollar.

Dono komme mat 20 Milliounen US-Dollar d’Sandra Bullock (“The Lost City Of D”), de Ryan Gosling (“The Grey Man”), de Chris Hemsworth (“Thor: Love And Thunder”), genee wéi de Brad Pitt fir “Bullet Train”. Fir de Michael B. Jordan (“Without Remorse”) gouf et 15 Milliounen.

Back to Top
CIM LOGO