Et soll net nëmmen en Challenge sinn, et ass esouguer eng Weltmeeschterschaft: eng Competitioun am Roboter-Aarm programméieren. D’"Worldskills” sollten dëst Joer zu Shanghai sinn, wéinst der Pandemie waren se awer annuléiert. Si goufen dunn a 15 Länner op der Welt opgedeelt, an esou hu mer dëst Joer d’Worldskills och zu Lëtzebuerg, wou 11 Länner vertruede sinn. Och eng lëtzebuergesch Ekipp huet sech véier Deeg laang dëser Programmatiounschallenge gestallt, géint de Rescht vun der Welt.
Si setzen all héich konzentréiert hannert enger Ofspärung - mat hinnen ze schwätzen ass strengstens verbueden. Alles geet op d’Zäit, op d’Sekonn esouguer.
Véier Deeg laang - also a véier Etappen - trieden déi 11 Ekippe géinteneen un a musse jeeweils verschidden Aufgabe mam Roboter-Aarm erfëllen, andeems se e programméieren. Keng einfach Aufgab wann och nach eng jett Konditioune mussen erfëllt ginn, ewéi zum Beispill sortéieren oder e QR-Code liesen, deen dann d’Platz vum Objet, deen transportéiert soll ginn, bestëmmt.
Parallel zu de Worldskills gouf och déi éischt national Robotik-Woch organiséiert, dëst virun allem fir méi e jonke Public. Dat ganz nom Motto: Wien eppes frei entdeckt, huet villäicht elo schonn säin Dramberuff kenne geleiert.
Den Interessi ass do, op eng spilleresch Aart a Weis eis Zukunftstechnologië kennen ze leieren. Dovunner sinn déi Jonk faszinéiert.
D’Konkurrenz ass grouss, ëmmerhin trieden hei pro Land nëmmen déi Bescht géinteneen un. Eng grouss Erausfuerderung fir eist lëtzebuergesch Team.
Wie gewonnen huet, kann een en Donneschdeg no Mëtternuecht online liesen. Gewosst ass, dass Beruffer an deene Programmatiounswësse gebraucht gëtt, ëmmer méi gefrot sinn.