Kächin, Mamm a BomiWou ass d'Léa Linster haut drun a wéi eng Pläng huet si fir d'Zukunft?

Philippe Dondelinger
1982 huet d'Léa Linster, nom Doud vun hirem Papp, de Restaurant zu Fréiseng iwwerholl.
Lea Linster feiert hire 70. Gebuertsdag: Iwwer 40 Joer kulinaresch Verwinnung
Wéi verdreift sech d’Stäre-Kächin haut d’Zäit, wéi houfereg ass si op den zweete Stär vun hirem Fils a wéi eng Pläng huet d’Lea Linster an Zukunft nach?

1987 krut si deemools hiren éischte Stär, zwee Joer dono, 1989, huet si de Bocuse d’Or gewonnen. Hiren Don, gutt ze kachen, huet si un hire Fils weiderginn. De Louis Linster ass dee jéngste Stärekach zu Lëtzebuerg a krut elo en zweete Stär.

Wéi verdreift si sech d’Zäit elo, wéi houfreg ass si iwwert den zweete Michelin-Stär vun hirem Fils Louis a wéi eng Pläng huet d’Léa Linster an nächster Zukunft nach? Fir op all dës Froen eng Äntwert ze fannen, ware mir si heem besichen.

Back to Top
CIM LOGO