Däitsche Museker erwächtXavier Naidoo war vu Verschwörungstheorien "geblennt"

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang ass den däitsche Museker mat Verschwörungstheorien an de Medien negativ opgefall. Elo huet hie sech an engem Video ëffentlech entschëllegt.
© AFP

De Xavier Naidoo gëtt zënter Jore staark kritiséiert. Antisemitismus, Rassismus, Homophobie, Verbreedung vun QAnon-Theorien a polariséierend Aussoen zu der Corona-Impfung. D’Lëscht ass laang. Elo nodeems en eng Zäitche vun der Bildfläch verschwonne war, trëtt den däitsche Soul-Museker mat engem 3-Minutte Youtube-Video rëm an d’Ëffentlechkeet.

An Diskussioune mat senge Frënn a Famill huet hie sech misse kritesche Froe stellen, déi seng eegen Aussoen aus der Vergaangenheet betreffen. Doduerch huet de Xavier Naidoo sech sëlwer kritesch hannerfrot, wéi hien a sengem Video erzielt.“Ech hunn erkannt, op wéi enge falsche Weeër ech ënnerwee war, an dass ech an deene leschte Jore vill Feeler gemaach hunn.Den däitsche Museker seet sëlwer hien hätt Leit mat senge verstéierenden Aussoen irritéiert a provozéiert.

Op der Sich no der Wouerecht hätt de Xavier Naidoo sech verrannt:“Ech hu mech op Theorien, Gruppéierungen a Siichtweisen agelooss, vun deenen ech mech ouni Diskussioun distanzéieren. Ech sti fir Toleranz, Villfalt an e friddlecht Mateneen. “

Op der alternativer Plattform Telegram war een deelweis entsat iwwert dem Xavier Naidoo säin Zeréckrudderen a Saache Verschwörungstheorien. Schliisslech war hien ee vun de bekanntsten däitsche Personnagen, dee sech dacks ëffentlech fir dës “alternativ Wouerechten” ausgeschwat huet. Sou huet hien d’Corona-Impfung als Gëft bezeechent an uganks der Pandemie d’Existenz vum Virus ugezweiwelt.

Dass de Xavier Naidoo sech elo vun all dësen Theorien distanzéiert an ëffentlech entschëllegt, kann deen een oder aneren aus där Zeen net verstoen. Dofir ginn direkt nei Theorien an d’Welt gesat. “De Xavier Naidoo huet den Text ofgelies an ass ugespaant, dat ass en Zeechen, dass hien erpresst gëtt oder gezwonge gouf dëse Statement ofzeginn.”, ee vu ville Kommentaren op der Plattform Telegram.

© Screenshots vun Telegram

Back to Top
CIM LOGO