
An hirem mofe Look sinn d’Zapsailen op der Bensinsstatioun Brunner e richtegen “Hingucker”. Allerdéngs hu se schonn eng Partie Joren um Bockel. Wéi d’Tankstell am Joer 1966 opgaangen ass, huet de Besëtzer wuel net domat gerechent, datt de Präis fir de Liter Diesel oder Bensinn iergendwann esou héich kéint sinn. Bei 1,99 ass nämlech Schluss. Iwwer 2 Euro de Liter ass fir déi al Zapsailen ze vill.
Dowéinst huet sech de Proprietär eng kreativ Léisung afale gelooss, fir de Clienten de richtege Präis unzeweisen. Op den éischte Bléck kéint ee mengen, datt de Sprit hei 50% manner kascht. Falsch geduecht. Mat Hëllef vun orangë Stickeren op der Pompel kréien d’Leit matgedeelt, datt de Präis fir 0,5 Liter ugewise gëtt. Wëll een d’Zomm fir ee ganze Liter Diesel oder Bensinn erausfannen, muss een d’Zomm verduebelen. An Zäiten, wou déi meescht Leit e Smartphone an der Täsch hunn, eng gutt Geleeënheet, d’Kapprechnen opzefrëschen. Dem Portmonni wäert d’Tanken allerdéngs och op dëser Tankstell wéidoen, och wann deen een oder aneren iwwert d’Aktioun schmunzele muss.