Den Zirkus Zaltimbanq invitéiert op d’Semaine du Cirque Sous Chapiteau. Dëst soll och deene Jonke Loscht maachen, fir sech an der Zirkus-Schoul unzemellen. Lëtzebuerger Artisten awer och där aus dem Ausland verzaubere nach bis e Samschden de Public. Dës Woch sinn och international Artiste mat dobäi, fir eis jonk Nowuesstalenter eng Motivatioun an eng Confirmatioun, dass se net fir näischt an d’Zirkus-Schoul gaange sinn.
Vill Jonker entscheede sech ëmmer méi, fir an d’Zirkus-Schoul ze goen amplaz an e Sport-Club. Am Zirkus muss ee vill u sech selwer schaffen, fir sech ze perfektionéieren, säi perséinlechen Erfolleg erlieft een och aneschters, meeschtens dann eréischt bei der 1. Show, wann d’Leit klappen.
A jo, et ginn och zu Lëtzebuerg Leit, déi vum Zirkus liewen, déi aus hirem Hobby hire Beruff gemaach hunn.