"Traumschleife Pälembierg Ohn"Zu Lëtzebuerg ginn et 3 verschidden Traumschleifen

RTL Lëtzebuerg
Vakanz Doheem maachen... Dat fënnt dëst Joer groussen Uklang bei de Lëtzebuerger. Dobäi entdeckt ee vill an ofwiesslungsräich Géigenden.
"Traumschleife Pälembierg Ohn"
Vakanz Doheem maachen. Dat fënnt dëst Joer groussen Uklang bei de Lëtzebuerger. Dobäi entdeckt ee vill, ofwiesslungsräich Géigenden.

Zanter dem leschte Joer kann een op der Musel d’Traumschleife Ohn mat all hire Facetten entdecken. Et ass dëst e guidéierten Tour vun 8 Kilometer wou een sou munches gewuer gëtt. Sou zum Beispill am Schluchtbösch wou Donverbaach fléisst.

D’Viviane Desquiotz ass zanter engem Joer Guide a feiert d’Leit duerch eng ganz flott Géigend. Wanderungen duerch d’Natur huet si nach ëmmer faszinéiert. Hei bei eis am Land ginn et 3 verschidden Traumschleifen.

“Mat alle Sënner genéissen” nennt sech u sech d’Promenade ronderëm d’Ohn. Wéinst der aktueller sanitärer Kris ass dëst Joer awer net méiglech. Ganz annuléiere wollten déi Responsabel d’Wanderung awer net.

Iwwer 3 Stonne laang goung den Tour haut ronderëm Traumschleife Ohn. Et war Abenteuer puer.

Arrivée war e Sonndeg de Mëtteg kuerz virun 2 um Pällembierg bei der Schutzhütt. Hei hat een eng flott Vue iwwer d’Musel an zu gudder läscht gouf et e gudde Patt Wäin.

Back to Top
CIM LOGO