Den Tom Hendriks vun Dol huet als Hobby, Chrëschtbeemercher ze ziichten. Hei am Norden waarden se den Ament nach op eng waarm Stuff. Et ass nach net esou wäit an awer sinn d’Bestellungen dëst Joer nees aneschters ewéi dat Joer virdrun. Lescht Joer ass alles méi fréi ugaangen, well jiddereen huet missten doheem bleiwen. Dobäi sinn d’lescht Joer aus Pandemie-Grënn verschidde Clienten ewechgefall, déi dëst Joer awer nees aktiv sinn. Dorënner sinn och d’Horesca an d’Gemengen, déi 2020 kee Bam bestallt hunn.
Den Tom ziicht nëmmen Nordmann-Dännen an d’Argument sprécht och dofir: Si hale laang, si si schéin, picken net an sinn einfach am Ënnerhalt.
Gedold brauch een och an dësem Business, wie vun haut op muer wëll verkafen, dee misst sech wuel nach bësse gedëllegen. Dräi Joer hu se schonn um Bockel, éier se eraus geplanzt ginn. Dono dauert et nach 10 Joer bis se verkaf kënne ginn. Reegelméisseg schneiden an och déi eng oder aner Korrektur si reegelméisseg wichteg, fir dass den Tom seng Beem och herno lass gëtt.
Klengen Tipp: Sollt Dir nach kee Beemchen fir dëst Joer geplangt hunn, dann maacht Iech bäi, well Dir wësst jo, deen éischten ass fir.