
Si mussen de Rucksak paken, ouni ze wëssen, wou et higeet, an dës Kéier esouguer ouni hire Co-Equipier ze kennen. Ouni Handy a mat limitéiertem Budget moossen d’Ekippe sech an den ënnerschiddlechsten Challengen.
All Ekipp setzt sech aus engem RTL-Kandidat an engem Casting-Kandidat zesummen. D’RTL-Kandidate sinn de Raoul Roos an de Loïc Juchem.
Wie mat hinnen an enger Ekipp untrëtt, hu si eréischt den Dag wéi et lassgaangen ass erausfonnt: Eis Casting-Kandidate sinn d’Jackie Ries an de Maurizio Cavuoto:
Wien bei wiem an der Ekipp gelant ass a wou et déi véier hi verschloen huet, kënnt dir hei am éischten Episod nokucken.
Nei Episode vun Ausgesat – Eng Rees ouni Plang: Vun elo un ëmmer donneschdes a freides um 19 Auer op der Tëlee an duerno am RTL Play.
Ausgeschwat - De Podcast zur Sendung: Ëmmer freides vun 19.30 Auer un op RTL Play.