
Dëse Projet motivéiert d’Mataarbechter, sech fir karitativ Zwecker anzesetzen, déi hinnen um Häerz leien.
Dank dëser Solidaritéitsaktioun konnt déi generéis Zomm vun 1.000 € gesammelt gi. Wärend der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement.
Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.