
Wéi d'Auktiounshaus Sotheby's matdeelt, wier et den héchste Präis, dee jeemools bei enger Stee fir e Konschtwierk a Frankräich erziilt gouf. D'Wierk mam Titel "Iris" aus dem spéidere Schafe vum Monet war am Virfeld op e Wäert vun 22 bis 30 Milliounen Euro geschat ginn.
Et ass 1,60 Meter héich an 1,80 Meter breet. D'Konschtsammlerin Jeanne Schlumberger hat et Sotheby's no iwwert eng Galeristin direkt vum Claude Monet kaf, deen et zu Giverny gemoolt huet. Vun do u war et an der Paräisser Residence vun der Famill Schlumberger bliwwen an nëmmen duerch eng Schwaarz-Wäiss-Foto bekannt.
Nëmmen e puer Stonne virum Start vun der Stee waren iwwerdeems dräi Wierker vum Paul Cézanne aus dem Verkaf geholl ginn, fir datt dës zeréck an d'Gebuertstad vum Kënschtler zu Aix-en-Provence kommen a méiglecherweis am Musée Granet ausgestallt solle ginn, esou d'Auktiounshaus weider.