
D’Kiischt um Kuch: D’Direktioun vu Creahaus wollt d’Initiativ vu senge Mataarbechter ënnerstëtzen an encouragéieren, andeems de gesammelte Betrag vun hinne verduebelt ginn ass. 1.050 € goufe vun den Organisateuren un d’Fondation Cancer gespent. D’Fondation Cancer ass dankbar fir dës generéis Initiativ, duerch déi se hir Servicer fir nozelauschteren, ze beroden an ze informéiere weiderféiere kann.