
D’Sängerinnen a d’Sänger aus der Chorale Ste Cécile Lëntgen hunn den Gesangsensemble completéiert. Et war e fantasteschen Concert begleet vun Stefan Dorneanu a Marc Loewen un der Uergel, a dem Ruben Dorneanu op der Gei. Zum Schluss vum Concert gouf d’Quête fir d’FAL gemaach.
Gemeng Niederanven hat uschléissend zum Éierewäin invitéiert, wou dunn e Scheck vun 1.100 Euro der FAL iwwerreecht gouf. Et war e ganz schéinen musikaleschen Owend mat gudden Kontakter.