Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg 1.250 Euro un d'Île aux Clowns a.s.b.l.

RTL Lëtzebuerg
© Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg

D'Schreiwes vum Fëschbech-Schous-Angsbreg:

Sonndes, den 11. Oktober 2026 huet den Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg en Don vun 1250€ un d'Île aux Clowns a.s.b.l. gemaach.

Dës Suen sinn Deel vum Benefice vun eisen Theatervirstellungen mam Stéck "1 Millioun an 2 Affären" am Januar 2026 zu Schous.

D'Île aux Clowns a.s.b.l. huet d'Missioun, kranke Kanner, eelere Leit a Mënschen a schwierege Liewenssituatiounen e Laachen ze schenken. Duerch professionell Clown-Besich bréngt d'Associatioun Freed, Trouscht a mënschlech Wäermt an de Spideeler, Altersheemer a sozialen Ariichtungen.

Back to Top
CIM LOGO