
Och dëst Joer ënnerstëtzt Cactus S.A. d’Sonneschutzcampagne vun der Fondation Cancer mat engem generéisen Don vu 15.000 €. D’Initiativ soll virun allem Kanner op eng spilleresch Manéier fir d’Gefore vun UV-Strale sensibiliséieren an hinnen déi richteg Reflexer fir e gudde Sonneschutz vermëttelen.
Am Mëttelpunkt vun der Campagne stinn temporär UV-Tattooe mat engem ganz konkrete pedagogeschen Notzen: Soubal si UV-Stralen ausgesat sinn, änneren si hir Faarf a weisen esou, wéini et Zäit ass, sech virun der Sonn ze schützen. D’Tattooe goufen och dëst Joer nees gratis an de Cactus-Geschäfter verdeelt a si bei de Clientë ganz gutt ukomm.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet Cactus häerzlech Merci gesot fir déi erneiert Ënnerstëtzung an de generéisen Don.