Maredsous (Province de Namur)5 Blesséierter no Explosioun vu Gasfläsch op engem Chrëschtmaart

Marc Hoscheid
Andy Brücker
Duerch d'Explosioun ass e Feier ausgebrach. Zwou Persoune goufe schwéier verwonnt.
police, auto, 112, pompjee, pompiers, feuerwehr, abroch, feier
© Archiv

Op engem Chrëschtmaart am belsche Maredsous, net wäit vun Namur ewech, ass et um Sonndeg zu enger Explosioun komm.

5 Leit goufen dobäi blesséiert, 2 dovu méi schro. Ee Blesséierte gouf mam Rettungshelikopter op Léck transportéiert, eng aner soll an e Militärspidol op Neder-Over-Heembeek bruecht gi sinn, melle belsch Medien.

Ausléiser vum Accident war, datt eng Propangasfläsch explodéiert ass, dono ass dunn ee Feier ausgebrach. Zwee Verkafsstänn goufe komplett zerstéiert, zwee weiderer beschiedegt.

De Chrëschtmaart bleift nom Accident de Recht vum Sonndeg mol zou.

Back to Top
CIM LOGO