Schwaarze BMW X3 (oder änlech)Zeienopruff vun der Police, nodeems en Donneschdeg e Kand zu Mamer ugestouss ginn ass

Maxime Gillen
De Chauffer vun engem wäissen Auto, dee stoe bliwwe war, kéint nëtzlech Informatiounen hunn.
© RTL Grafik

D‘Police sicht no Zeie vun engem Accident en Donneschdeg de Moie géint 7:30 Auer an der Rue Henri Kirpach zu Mamer. Bei der Kräizung zu der Rue du Commerce an der Rue de Rome ass en 9 Joer aalt Kand op engem Zebrasträif vun engem Auto ugestouss ginn.

De Chauffer soll stoe bliwwe sinn fir e Kand laanschtzeloossen, huet dunn awer wuel e weidert Kand net gesinn an huet dat dunn ugestouss, wéi en erëm wollt weiderfueren. Den Auto, méiglecherweis e schwaarze BMW X3, war a Richtung Areler Strooss ënnerwee. Op där anerer Stroossesäit soll e wäissen Auto gewiescht sinn an de Chauffer vu genee deem Auto gëtt elo als Zeie gesicht. Dëse war kuerz stoe bliwwen an huet sech informéiert, ob alles OK ass, éier e weidergefuer ass.

Och aner Leit, déi de Virfall gesinn hunn oder Informatiounen zum schwaarzen Auto hunn, solle sech wgl bei der Police vu Capellen mellen.

Telefon: (+352) 244 30 10 00
E-Mail: Police.Capellensteinfort@police.etat.lu

D'Police preziséiert nach, dass d'Kand éischten Informatiounen no net blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO