Fête des Vins & CrémantD'Privatwënzer plënneren op de Glacis

Pitt Wagner
En éischter ongewéinlecht Bild gouf et dësen Donneschdeg am Stater Tram ze gesinn: Lëtzebuerger Privatwënzer, déi mat Wäifässer, Wäikëschten a Fläschen ënnerwee waren.

No der Expogast um Kierchbierg hunn d'Lëtzebuerger Privatwënzer d'Kuliss gewiesselt. Vun der Tramstatioun Luxexpo aus, goung et mam Tram a Richtung Glacis, wou dëse Weekend déi 21. Editioun vun der "Fête des Vins & Crémant" organiséiert gëtt.

Wärend op der Expogast 36 Wënzer um gemeinsame Stand vertruede waren, presentéieren um Glacis 39 Wënzer hir Wäiner a Cremanten.

Nieft de klassesche Lëtzebuerger Wäinzorte wéi Rivaner, Pinot Gris a Riesling ginn och pilzwidderstandsfäeg Riefzorten, sougenannt PiWi-Zorten, an alkoholfräi Alternative presentéiert.

D'Fête des Vins & Crémants ass vu Freideg dem 27. November bis e Sonndeg den 29. November all Dag vu 15 bis 20 Auer am groussen Zelt um Glacis.

Back to Top
CIM LOGO