
D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet dem Moler Nicolas Goetzinger souwéi der Gemeng Schëffleng häerzlech Merci gesot, fir hiert Engagement fir d’Fondation Cancer. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.