Fra zu Schraasseg beduckstPolice warnt virun Arnaque mat Luxtrust, Wero a Co.

RTL Lëtzebuerg
Wéi d‘Police e Freideg schreift, ginn d‘Bedruchsversich riicht weider, bei deenen d‘Täter esou maache, wéi wa si Mataarbechter vu Luxtrust, Wero oder änleche Betriber wieren.
Bei Mailen, SMSen oder Uriff am Zesummenhang mat Wero, Luxtrust oder wéinst anscheinende Sécherheetsprobleemer bei Banke sollt ee gutt oppassen.
© Envato Symbolbild

En Donneschdeg ass eng Fra vu Schraasseg beduckst ginn, wéi si op de Link an engem falsche Mail vu Luxtrust am Zesummenhang mat Wero geklickt huet an do hir Donnéeën aginn huet. Doropshin ass si per Telefon kontaktéiert ginn, fir hir ze soen, datt e Mataarbechter vu Luxtrust laanschtkéim fir hir Kreditkaarte sichen ze kommen.

Géint 15 Auer koum tatsächlech ee Mann laanscht a si huet him hir Kaarten an d'Pin-Nummere ginn. Wou hien och nach no Bijouen gefrot huet, ass d'Fra mësstrauesch ginn, an de Mann huet sech duerch d'Bascht gemaach. Um Enn huet d‘Fra dann och eng Rei Sue vun hire Konte geklaut kritt. D‘Enquête leeft.

Dowéinst ass et nach eng Kéier den Appell vun der Police, keng Kaarten, PIN-Coden, Passwierder, Luxtrust-Coden oder soss Wäertsaachen erauszeginn. Luxtrust, Banken an aner seriö Betriber schécke kee laanscht fir esou Saache sichen ze kommen.

Och bei Mailen, SMSen oder Uriff am Zesummenhang mat Wero, Luxtrust oder wéinst anscheinende Sécherheetsprobleemer bei Banke sollt ee gutt oppassen. D‘Police réit op alle Fall, fir net op onbekannt Linken oder QR-Coden ze klicken, keng Transaktiounen ze confirméieren, déi een net selwer gemaach huet an och verdächteg Telefonsgespréicher ofzebriechen.

Back to Top
CIM LOGO