
Am Kader vun enger interner Sensibiliséierungsaktioun huet Keter Luxembourg Sàrl sech fir d’Fondation Cancer engagéiert. Nieft enger Informatiounssessioun zum Thema Tubakofhängegkeet, gehale vum Lex Schaul, Professionnel de santé publique an Tubakolog bei der Fondation Cancer, gouf eng Spendenaktioun organiséiert, bei där IT-Material exklusiv un d’Mataarbechter versteet gouf.
Duerch dës Initiativ konnt eng Zomm vun 3.467 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.
„Mat dëser Aktioun wollte mir eppes Konkretes bewierken: eisem Material eng zweet Liewensdauer ginn, eise Mataarbechter eng interessant Méiglechkeet ubidden an dobäi eng wichteg Saach ënnerstëtzen. Et war eis wichteg, eis am Kader vun der Kriibspräventioun fir d‘Fondation Cancer ze engagéieren an esou zur Präventioun a Fuerschung bäizedroen.“, seet d’Véronique Renzi, HR Direktesch bei Keter Luxembourg. D’Scheckiwwerreechung huet am Uschloss un d’Konferenz stattfonnt.
D’Fondation Cancer huet häerzlech Merci gesot fir dës Initiativ. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen et der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.