Luxembourg Times BusinessRun 202634.255 € fir d’Fondation Cancer

Fondation Cancer
© Claude Piscitelli

Schreiwes vu Fondation Cancer:

Ronn 8.000 Leeferinnen a Leefer aus 436 Entreprisen hunn un der Editioun 2026 vum Luxembourg Times BusinessRun deelgeholl. Vun der Coque aus ass et dëst Joer iwwer eng nei, 5 Kilometer laang Streck um Kierchbierg gaangen. Nieft der sportlecher Erausfuerderung stoung dobäi och de gudden Zweck am Mëttelpunkt.

Fir all Umeldung goufen 2 € un d’Fondation Cancer gespent. Zesumme mat den zousätzleche Spenden, déi am Kader vum BusinessRun gesammelt goufen, koum esou déi generéis Zomm vu 34.255 € zesummen.

Mat senger Mëschung aus Sport, Teamgeescht a Solidaritéit huet de BusinessRun och dëst Joer nees Dausende vu Leit aus der Lëtzebuerger Aarbechtswelt fir eng gemeinsam Saach zesummebruecht.

Bei der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, den Organisateuren, de Participanten, de Sponsoren an de bedeelegten Entreprisen häerzlech Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung.

Dës Solidaritéitsaktiounen hëllefen der Fondation Cancer dobäi, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO