
De Luca wollt de Kanner hëllefen, deenen et leider net esou gutt geet. Hien huet mat senger Mamm der Mme Sheila Fanelli , senger Giedel an der Boma seng Spillautoe verkaf, mat deenen hien net méi gespillt huet, mä awer och fir Chrëschtdeeg mat der Famill Arrangementer gebastelt, déi dunn och all verkaf gi sinn. De Luca a seng Famill hunn dunn hir Kollekt an Héicht vu 450€ un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.